SUDOKU - Gitt eise Wochegëwenner a gewannt 10 gratis Kinosticketen


Caramba tickets

Sudoku kënnt aus dem japaneschen an heescht: "Eng Zuel kënnt ëmmer eleng".

Erfonnt gouf d'Logikspill schonn 1979 vum Amerikaner Howard Garns ënnert dem Numm "Number Place". Richteg populär gouf et awer reicht 1986 a Japan. Et geet drëm een 9x9 Gitter sou mat den Zifferen 1 bis 9 ze fëllen dass all Ziffer nëmmen eng Kéier an enger Spalt, an enger Reih an an engem Block vun 3x3 ze fannen ass. Ausgangspunkt ass e Gitter wou schonn eenzel Ziffere virgi sinn.

Probéiert och Dir wéi fit Dir mat den Zuele sidd an notzt net nëmmen eist Sudoko-Spill fir vum Sudoku-Ufänger zum Sudoku-Meeschter ze gi ma fir och nach de Sudoku-Woche-Gewënner ze ginn.